En Haus e Bam

En Haus e Bam – eise Natur-Projet an Zesummenaarbecht mat www.laine.lu Alpaka a Beien Asbl vu Wuermer.

No all Vente planze mir e Bam.

Op enger flotter Parzell an de Wéngerten huet Asbl en Terrain beplanze gelooss (an Zesummenaarbecht mat CG Environnement), extra fir hir Beien. Hmmm.. den Hunneg schmaacht besonnesch gutt.

Mir haten eng Partie Vendeuren invitéiert op “e Patt beim Bam“.

Merci un di Responsabel vun der Asbl, fir hir flott a wichteg Aarbecht fir d’Erhale vun de Beien 🐝

Di nächst Beem si schonn a Bestellung… 🌳

Wann och Dir eppes fir Natur, Beien an Ëmwelt wëllt maachen, zeckt net eis oder ASBL ze kontaktéieren.

Laisser un commentaire